Artboard 1.png

An eiser haiteger Aarbechtswelt vergiessen mir, nieft dem Dagesgeschäft, Rendezvous’en an Zäitdrock oft dat wichtegst un eiser Aarbecht: Eis Matmënschen an natierlech eis selwer!

Mir kommunizéieren oft, ouni eis virdrun iwwert dat Gesoten vill Gedanken ze maachen an wat et bei deem Aneren ausléisen kann.

Mir hunn oft Diskrepanzen an eiser Equipe, awer wëssen net wie mir se léisen kennen.

Oft stécht vill méi an eis, wei mir eis selwer géifen zoutrauen.

Vir all des Punkten an nach vill méi ze verstoen an ze verbesseren, kucken ech mat Eech zesummen op déi verschidde Prozesser an d’Zesummenaarbecht an ärer Equipe, mee och op är Kompetenzen an wei een des verdéiwen an erweideren kann.

Doduerch verbessert sech net nëmmen d’Atmosphäre an ärer Equipe, mee virun allem, d’Atmosphäre an Eech selwer.

TEAMSPIRIT

IWWERT MECH

Nei Zieler bréngen nei Erausfuerderungen

​No méi wei 12 Joer Beruffserfarung an enger renomméierter amerikanescher Bank, beschäftegen ech mech säit e puer Joer intensiv mat den alldeeglechen Problemer vun Aarbechtsgruppen.
Well mir bal zwee Drëttel vun eisem Liewen an eisem Job verbréngen, hunn ech mir et zur Aufgab gemaach Eech ze hëllefen des Zäit zefridden an effizient erliewen ze kennen.

Mam Schwéierpunkt op Zesummenaarbecht an der Equipe an Soft Skills klären ech d’Gruppenprozesser op.
Well gutt Zesummenaarbecht fuerdert d’Engagement vun all Eenzelem.

 

SERVICE

Individuell Hëllef vir är Equipe

TEAM-BUILDING

All Ufank ass schwéier

Vir eng jonk Equipe steet d’Kenneléieren natierlech un éischter Platz. Deenen Aneren hier Ressourcen entdecken, Vertrauen opbauen, sech mat der Grupp identifizéieren an Zieler setzen. Des sen déi éischt wichteg Schrëtt an enger neier Equipe.
An net nëmmen vir jonk Equippen ass d’Vertrauen zu den Kollegen ganz wichteg.

Ech hëllefen Eech op ärem Wee zu enger High Performance Equipe!

TEAMENTWÉCKLUNG

Dat kënnen mir nach besser !

Al etabléiert Teams fillen sech oft onschlobar. Jiddereen kennt seng Ressourcen an déi vun den Kollegen. Och déi jeeweileg Rolleverdeelung an d’Kommunikatioun sen an der Rei an et gëtt ëmmer mat Zäit ofgeliwwert.
Ass dat wierklech sou an ärer Equipe? Oder gëtt et do net awer puer Ongereimtheeten zu verschiddenen Punkten un deenen een zesummen schaffen misst?

Erkenntnis ass den éischte Schrëtt zu neien Perspektiven an ech ënnerstëtzen Eech derbäi!

SOFT SKILLS

Wat mëscht eis eenzegaarteg?

Mir wëssen ganz genau wat mir an eisem Job, mee och Am Privatliewen maache mussen. Awer ass dat well alles? Kann ech net nach méi maachen vir mech perséinlech oder berufflech weider ze entwéckelen?

Wichteg Punkten wei Kommunikatioun, Selbstmanagement, Ressourcen-Bewosstsinn an vill Anerer kommen oft ze kuerz an eisem Liewen.

Fannt zesummen eraus wat nach alles an Eech an Ärer Equipe stécht.

Kuckt ënnert d’Spëtzt vum Äisbierg.

 
REFERENZEN
TPN.png
 

KONTAKT

Sarah Haas

Maison 86
L- 9742 Boxhorn

+352 26 910 910

 

+352 26 910 910

©2018 by Sarah Haas